Zesumme fir de gudden Zweck – 13.000 Euro dank enger staarker Schoulgemeinschaft



Am leschte Schouljoer 2025/2026 huet eis Schoul „Campus am Ale Bësch2“ op eng beandrockend Manéier gewisen, datt d’Schoul vill méi ass wéi nëmmen eng Plaz fir ze léieren. Mat vill Engagement, Kreativitéit a virun allem engem staarke Gemeinschaftsgefill konnte mir am Kader vun dräi besonnesche Projeten am Ganzen 13.000 Euro fir de gudden Zweck sammelen.



Den Optakt huet eise Wantermaart am Dezember 2025 gemaach, deen an enger flotter Atmosphär vill Visiteuren ugezunn huet. Mat vill Freed an Asaz hunn sech d’Kanner, d’Léierpersonal, d’Personal vun der Maison Relais an d’Elteren un dësem besonneschen Evenement bedeelegt. De beandrockenden Erléis vu 5.000 Euro gouf un de Projet CARE – 1.000 Luuchte gespent.

En aneren Highlight vum Schouljoer gouf vum Cycle 3 am Abrëll 2026 organiséiert: e stëmmungsvollen Disney-Concert. D’Schülerinnen an d’Schüler hunn hire Publikum mat bekannte Melodien aus der Disney-Welt begeeschtert a gläichzäiteg gewisen, datt Musek d’Mënschen net nëmme verbënnt, mee och eppes Guddes bewierke kann. Duerch dëse Concert konnten 1.000 Euro gesammelt an un d’Fleegestatioun fir wëll Déieren gespent ginn.

Den Ofschloss vun eise Spendenaktiounen huet de „Sponsored run“ am Mee 2026 gemaach. Hei ware sportlechen Asaz an Ausdauer gefrot. Eis Schülerinnen a Schüler si mat grousser Motivatioun Ronn fir Ronn gelaf a goufen dobäi tatkräfteg vun hire Sponsorinnen a Sponsoren ënnerstëtzt. D’Resultat kann sech weise loossen: Stolz 7.000 Euro koumen zesummen a goufen un „les Amis de Gambi“ gespent.

Am Ganze konnt eis Schoul domat am Schouljoer 2025/2026 déi beandrockend Zomm vun 13.000 Euro fir de gudden Zweck sammelen. Hannert dësem Resultat sti vill hëllefsbereet Hänn: eis Schülerinnen a Schüler, dat ganzt Schoulpersonal, d’Personal vun der Maison Relais, d’Elteren an d’Familljen, souwéi vill Ënnerstëtzerinnen an Ënnerstëtzer aus der Gemeng.

Als Schoul si mir houfreg drop, eise Kanner nieft Wëssen a Kompetenzen och Wäerter wéi Solidaritéit, Hëllefsbereetschaft, Verantwortung a gesellschaftlecht Engagement mat op de Wee ze ginn. Déi dräi Projete weisen, wat méiglech ass, wann eng ganz Schoulgemeinschaft zesummen un engem Strang zitt.

E ganz häerzleche Merci un all déi, déi matgemaach, organiséiert, gespent, ënnerstëtzt an ugefeiert hunn. Zesummen hu mir net nëmmen eng beandrockend Spendensomm erreecht, mee virun allem e staarkt Zeeche vu geliefter Solidaritéit gesat.