Halloween am Précoce 26/27



Haut de Moien hunn déi zwou Précoce-Klassen nees hiren traditionellen Halloween-Moien gefeiert!

No engem leckere Buffet, stounge fir d'Kanner véier spannend Atelieren um Programm:

  • Am Fuerscherraum gouf fläisseg getriwwelt an experimentéiert.
  • Am Snoezleraum hunn d'Kanner enger grujeleger Hexegeschicht nogelauschtert.
  • Am Beweegungsraum goufe Kürbissen duerch e spannenden Grujelparcours transportéiert.
  • Am Bastelsall goufe mat vill Geschéck a Kreativitéit flott Kürbismännercher gefädelt.

Et war ee wonnerschéinen, grujeleg flotte Moien voller Spaass, Kreativitéit a spannenden Entdeckungen!

Happy Halloween un alleguer!